Ee vun deene beschte Boxer vun allen Zäiten ass gestuerwen.

Den George Foreman ass dout. De bekannte fréiere Boxer am Schwéiergewiicht ass am Alter vu 76 Joer gestuerwen, dat huet seng Famill matgedeelt.

Als "Mënschefrënd, Olympiaparticipant an zweefache Weltmeeschter am Schwéiergewiicht" war de Foreman héich respektéiert. 
 
Den Amerikaner kann op eng vun de längste Karriären am Boxsport zréckkucken. 1997 hat hien e Schlussstréch gezunn.

No senger Goldmedail bei den Olympesche Summerspiller 1968 zu Mexiko-City war hie vun 1973 bis 1974 WBC- a WBA-Weltmeeschter. Dee wichtegsten a wuel bekanntste Match gouf et den 30. Oktober 1974. Beim legendäre "Rumble in the Jungle" huet de Foreman géint de Muhammad Ali gekämpft. Den amerikanesche Boxer hat dëse Match awer duerch e K.o. an der 8. Ronn verluer.

RTL

De Foreman am Kampf géint den Ali / © AFP (Archiv)

A senger laanger Karriär huet de Foreman och historesch Comeback-Qualitéite bewisen. 1977, am Alter vun nëmmen 28 Joer, hat hien no enger K.o.-Néierlag géint den Jimmy Young eng éischte Kéier e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn. Zéng Joer méi spéit ass de Foreman allerdéngs zeréckkomm an huet sech am November 1994, 20 Joer nom grousse Fight géint den Ali, mat enger spektakulärer K.o.-Victoire géint de Michael Moorer am Alter vu 45 Joer zum eelste Schwéiergewiicht-Weltmeeschter an der Geschicht gekréint.

RTL

De Foreman bei sengem Comeback géint de Moorer / © AFP

Den Titel huet hien 1995 mat engem ëmstriddene Succès géint den Axel Schulz verdeedegt. 1997 war du seng Karriär endgülteg eriwwer. En huet sech duerno als Priedeger probéiert, als Sportmoderator an huet och nach vill Succès als Geschäftsmann gehat, wéi en den "George Foreman Grill" op de Maart bruecht huet, dee sech weltwäit verkaf huet.

Den George Foreman hat 12 Kanner a seng 5 Bouwen heeschen alleguer George.