Um Samschdeg stoung an der Enovos League bei den Hären den Optakt vun de Véierelsfinallen um Programm.

D'Etzella Ettelbréck setzt sech mat 101:78 géint d'Résidence Walfer duerch. D'Gäscht hunn ab der 6. Minutt missen ouni de verletzte Profi Averette spillen, si hunn awer laang dogéintgehalen a louchen um Ufank vum véierte Véierel nëmme mat 5 Punkten am Réckstand. Den Nationalspiller Philippe Gutenkauf huet dunn dräi Dräier noenee geworf a seng Ekipp an d'Rulle bruecht. Fënnef Spiller vun der Lokalekipp hunn zweestelleg gescort, den Jimmie Taylor koum op 26 Punkten.

Bescht Aktioune vum Spilldag

Eng kleng Iwwerraschung gouf et zu Esch, de Coupe-Gewënner verléiert mat 69:88 géint d'Arantia Fiels a steet elo am zweete Match e Mëttwoch an der Fiels ënner Drock. Ouni de Clancy Rugg huet Esch eng wichteg Optioun gefeelt an d'Fiels huet profitéiert. D'Gäscht louche bal de ganze Match iwwer e puer Punkten a Féierung an hunn de Match am leschte Véierel dominéiert. Net ze stoppe war de Scott Lindsey, deen 49 Punkten um perséinleche Kont stoen hat. Hien huet 8 Dräier getraff, méi wei de Géigner als Ekipp (5/24).

D'Fiels start mat Victoire géint Esch an d'Véierelsfinallen
D'Arantia klappt de Coupegewënner 88:69.

Diddeleng a Steesel wannen däitlech

Den T71 Diddeleng wënnt kloer mat 80:60 géint den AB Conter. D'Lokalekipp huet sech schonn an der éischter Hallschecht däitlech ofgesat an d'Partie spéitstens am drëtte Véierel entscheet. D'Gäscht vu Conter hunn nëmme knapp iwwer 30 Prozent vun de Schëss getraff a goufe phaseweis iwwerrannt, zum Schluss konnte si d'Resultat optesch nach e bësse verbesseren. Beim T71 konnt den Edward Colbert mat 30 Punkten iwwerzeegen, hie gouf ënnerstëtzt vum Brandon Randolph (13 Punkten, 14 Rebounds, 9 Assists).

Resumé Steesel géint Bartreng / Reportage Shari Schenten

De Champion Amicale Steesel ass souverän an d'Playoffs gestart, dat mat enger 86:68-Victoire géint d'Sparta Bartreng. Nom éischte Véierel louch d'Lokalekipp mat 24:9 a Féierung an huet de Géigner dominéiert, dat virun allem ënnert de Kierf, wou Bartreng am ganze Match 51 Rebounds sammele konnt am Verglach zu 30 bei de Gäscht. Fir Bartreng sollt et nach schlëmmer kommen, ronn 4 Minutte viru Schluss huet de Profispiller Millin misse verletzt vum Terrain goen. 30 Punkte goungen op de Kont vum Jarvis Williams, den Alex Laurent huet 17 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

E Mëttwoch steet an alle Serien den zweete Match um Programm.

Ofstigsgrupp

Am Ofstigsgrupp war et den Optakt vum éischte Spilldag. Um Sonndeg wënnt Mambra Mamer mat 101:83 géint d'Musel Pikes. De Jacob Hilmer koum op 40 Punkten a war de beschte Spiller um Terrain, Mamer konnt sech mat engem staarken drëtte Véierel ofsetzen an huet um Enn géint de Géigner gewonnen, deen duerch den Ausfall vum Profispiller Jordan Barham net genuch dogéintzesetzen hat.

Um Samschdeg huet sech Hiefenech am Duell vun den Opsteiger knapp mat 72:70 géint Munneref duerch. D'Lokalekipp hat mam Joseph Fahrenholtz en neie Profispiller am Kader, hie konnt säin Deel dozou bäidroen, dass Hiefenech sech fréi am Match e klenge Virsprong erausspille konnt a koum um Enn op 28 Punkten. Munneref ass an der zweeter Hallschecht engem Réckstand hannendru gelaf, koum awer kuerz viru Schluss nees erun an Hiefenech huet nach emol missen zidderen. An der Tabell huet Hiefenech e Virsprong vu 4 Punkten op de Géigner, fir Munneref gesäit et fënnef Spilldeeg viru Schluss schlecht aus, fir an der Enovos League ze bleiwen.

Bei den Damme stinn iwwerdeems d'Halleffinalle fest.