Bei den Häre sinn de Johannes Thingnes an Tarjei Bö d'lescht Course vun hirer Karriär gelaf. Och am Schisprange geet d'Saison op en Enn.

Am Biathlon huet déi lescht Course mussen entscheeden, ob d'Franziska Preuß oder d'Lou Jeanmonnot déi grouss Kristallbull vum Gesamtweltcup mat heem huelen däerf. E Samschdeg hat d'Franséisin d'Féierung am Klassement iwwerholl a louch 5 Punkte virun der Däitscher, déi de Giele Maillot zënter Dezember 2024 unhat. D'Entscheedung ass am leschten Tour gefall, nodeem béid Kontrahentinne kee Schéissfeeler an d'Course dominéiert haten. D'Jeanmonnot ass an enger vun de leschte Kéiere vum Parcours gefall, well si mat de Schier am Schibengel hänke blouf. Um Enn koum si op déi drëtt Plaz, hannert der Elvira Öberg. Domat war de Wee fir d'Preuß fräi. D'Franziska Preuß ass déi sechst Däitsch, déi de Biathlon-Gesamtweltcup gewonnen huet. D'Laura Dahlmeier war an der Saison 2016/17 déi lescht.

Bei den Hären, déi och zu Oslo am Asaz waren, gouf et am Massestart eng Victoire vum Schweed Sebastian Samuelsson, dee sech trotz engem Schéissfeeler knapp géint de Fransous Eric Perrot (+ 5,6 Sekonnen) behaapte konnt. De Podium gouf vum Lokalmatador Endre Strømsheim (+ 9,3) komplettéiert. De Podium war no der Course awer Niewesaach, well d'Gebridder Johannes Thingnes an Tarjei Bö sinn hir lescht Course gelaf an zéien no dëser Saison e Schlussstréch ënnert hir Karriär.

Zu Lahti a Finnland war dat lescht Schisprange vun der Saison 2024/25. Slowenien huet d'Teamsprange virun Éisträich a Japan gewonnen. Däitschland koum mat groussem Ofstand op Plaz 4. Polen gouf 5., hat awer och e grousse Réckstand op Däitschland. D'nächst Woch geet d'Saison mam Schifléien zu Planica a Slowenien op en Enn.

Am amerikanesche Sun Valley huet kee Wee laanscht d'Lara Gut-Behrami geféiert. D'Schwäizerin hat no zwee Leef am Super-G 1,29 Sekonne Virsprong op d'Lindsey Vonn, fir déi et den éischte Podium an dëser Saison war. Dës Victoire huet der Gut-Behrami dozou verhollef, d'kleng Kristallbull am Super-G virun der Italieenerin Federica Brignone, déi Drëtt (+ 1,33) gouf, ze gewannen. Virum leschte Weltcup louch d'Schwäizerin just 5 Punkten hannert der Brignone a konnt soumat laanschtzéien.