Beim Äiskonschtlaf geet et net nëmmen ëm déi physesch Leeschtung, mee och d'Ästhetik spillt eng wichteg Roll.

Een, dee menge kéint, hei zu Lëtzebuerg géing et keng oder wéineg Talenter ginn, dee läit falsch. Op der Coupe du Printemps, dem eenzegen internationale Concours am Äiskonschtlaf am Joer hei am Land, hunn déi jonk Sportler a Sportlerinnen hiert Talent ënner Beweis gestallt.

Mir ware bis op en Training laanscht kucken a waren och bei der Competitioun selwer dobäi.