Um Mëttwoch stoung den zweete Match vun de Playoff-Serien an der Véierelsfinall am Basket bei den Hären um Programm.

Hei sinn all Entscheedunge gefall. Ettelbréck, Steesel, Diddeleng an d'Fiels hunn hir Serie jeeweils 2:0 gewonnen a stinn an der Halleffinall. Hei trëfft d'Etzella op d'Fiels an de Champion Steesel kritt et mat Diddeleng ze dinn.

Etzella, Amicale, T71 an d'Arantia stinn an der Halleffinall / Rep. Seyler

D'Etzella Ettelbréck ass der Favoritteroll gerecht ginn a setzt sech mat 95:89 zu Walfer duerch. Schonn nom éischte Véierel louchen d'Gäscht 40:22 a Féierung. Et ass der Lokalekipp gelongen, kuerz viru Schluss nees erunzekommen, Ettelbréck huet d'Partie allerdéngs net méi aus der Hand ginn. Fënnef Spiller vun der Etzella hunn zweestelleg gescort, de Yann Wolff konnt mat 24 Punkten iwwerzeegen.

Diddeleng muss bis zum Schluss zidderen

Den T71 Diddeleng louch auswäerts zu Conter an der Paus komfortabel a Féierung (44:29). D'Lokalekipp huet sech esou liicht awer net opginn a sech an der Schlussphas zeréckgekämpft. D'Lokalekipp hat an de Schlusssekonnen d'Méiglechkeet, sech an d'Verlängerung ze retten. No engem fräiwëlleg verfeelte Fräiworf krut Conter och de Rebound, mee konnt kee Kuerf méi geheien an Diddeleng wënnt 70:68. 27 Punkte goungen op de Kont vum Edward Colbert bei de Gäscht.

Vill Punkte sinn an der éischter Hallschecht tëschent der Sparta Bartreng an dem Champion Amicale Steesel gefall. No 20 Minutte louch d'Lokalekipp 59:56 a Féierung, dat obwuel d'Ekipp mam Jaylen Sebree nëmmen ee Profispiller am Kader hat. D'Gäscht hunn de klenge Réckstand no der Paus opgeholl a sech an der Mëtt vum véierte Véierel entscheedend ofgesat. De Scott Morton konnt mat 25 Punkten iwwerzeegen, de Jarvis Williams hat um Enn 24 Punkten um perséinleche Kont.

Anescht wéi am éischte Match konnt de Basket Esch auswäerts an der Fiels nees op de Clancy Rugg setzen. An der Paus louch de Coupe-Gewënner dann och mat 43:37 a Féierung. Am drëtte Véierel ass der Fiels awer sou gutt wéi alles gelongen an d'Ekipp huet de Match mat engem 34:16-Véierel komplett u sech gerappt. Um Enn wënnt d'Fiels de Match ënner dem Impuls vum Kiandre Gaddy (35 Punkten, 10 Rebounds) däitlech mat 93:73.

D'Resultater vum Championnat