Kee gudde Sonndeg fir d'Lëtzebuerger

© AFP (Archiv)
Fir de Maxime Chanot, den Eric Veiga wéi och de Sébastien Thill gouf et op dësem Spilldag keng Punkten.
Hënt huet de MaximeChanot mat Los Angeles FC géint San Diego am Asaz. Am 6. Match vun der neier Saison souz et schonn déi drëtt Néierlag fir d'Ekipp vum eemolege Lëtzebuerger Nationalspiller. LA FC verléiert 2:3. De Chanot koum bei dësem Match net zum Asaz.
Änlech ass et dem EricVeiga mat sengem Veräin AFS an der portugisescher Liga ergaangen. AFS koum mat 1:4 bei Famalicao ënner d'Rieder a muss weiderhin ëm de Verbleif an der héchster portugisescher Liga zidderen. De Veiga souz wärend 90 Minutten op der Bänk.
Och fir de SébastienThill ass et mat Stal Rzeszow net gutt gelaf. Zwar huet de Lëtzebuerger seng Ekipp als Kapitän op den Terrain geféiert an den 2:3 vum Synnos virbereet, mee um Enn stoung et 4:2 fir d'Gäscht vu Pogon Siedlce. Rzeszow verléiert domat den Uschloss un d'international Plazen.
Samschdeg
An der Bundesliga stoung den Tiago Pereira Cardoso fir déi zweete Kéier vun Ufank un am Gol vu Borussia Mönchengladbach. Mat engem 1:0 bleift de jonke Golkipp weider ouni Géigegol a feiert den drëtten Erfolleg a sengem drëtten Asaz.
St. Pauli huet sech auswäerts bei de Bayern deier verkaf, um Enn misst ee sech awer knapp 2:3 geschloe ginn. Den Danel Sinani stoung an den éischten 11 a gouf no 83 Minutten ausgewiesselt.
An der zweeter Bundesliga huet Köln auswäerts mat 2:1 géint Paderborn gewonnen an zitt domat an der Tabell laanscht den HSV op Plaz 1. Donieft konnt een den 3. Paderborn op 5 Punkte distanzéieren. De Mathias Olesen huet bei Köln de ganze Match gespillt.
Zäitgläich gouf et een 0:0 tëscht Hannover a Magdeburg, woumat béid Ekippe punktgläich bleiwen an och weider Chancen op den Opstig hunn. Den Eldin Dzogovic stoung bei Magdeburg net am Kader.
An der drëtter däitscher Liga huet Aue knapp zu Cottbus verluer. Mat 0:1 huet d'Ekipp vum Tim Kips sech misse geschloe ginn. De Lëtzebuerger souz déi 90 Minutten op der Bänk.
Am éischte Match vum Titelgrupp an der Belsch huet Union St. Gilloise géint Antwerpen näischt ubrenne gelooss a souverän mat 5:1 gewonnen, dat wéi gewinnt mam Anthony Moris tëscht de Pottoen.
An der zweeter Liga an der Belsch huet Beveren sech mam Laurent Jans 1:0 bei Lierse duerchgesat, woumat ee weider Chancen op den Opstig huet. De Jans stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
Fir de Mica Pinto gouf et mat ZSKA Sofia a Bulgarien eng spéit 1:0 Victoire bei Septemvri Sofia. De Lëtzebuerger huet de Match ugefaangen an déi 90 Minutten duerchgespillt.
A Serbien huet Vojvodina sech misse mat 3:5 géint de Roude Stär aus Belgrad geschloe ginn. De Seid Korac huet op Säite vu Vojvodina de ganze Match gespillt.
An der éischter Liga a Bosnien Herzegowina huet FK Sarajevo sech souverän mat 3:0 géint Igman Konjic behaapt an domat déi 3. Tabelleplaz verdeedegt. De Mirza Mustafic huet fir Sarajevo ugefaangen a gouf knapp 10 Minutte viru Schluss vum Terrain geholl.
An der hollännescher Eredivisie huet NAC Breda sech géint Groningen duerch e spéiden Eelefmeter en 1:1 geséchert. Den Enes Mahmutovic war bei Breda an der Startformatioun an ass no 71 Minutten ausgewiesselt ginn.
Ouni de Vincent Thill am Kader huet Sabah Baku an der ieweschter Divisioun am Aserbaidschan auswäerts 3:3 géint Sumqayit gespillt.
An der zweeter polnescher Divisioun huet Odra Opole sech ouni den Edvin Muratovic knapp 2:1 bei LKS Lodz behaapt.
Freideg
Bastia huet sech an der Ligue 2 doheem mat 2:0 géint Dunkerque behaapt an huet domat weiderhi Chancen op den Opstig. De Florian Bohnert ass no enger knapper Stonn bei Bastia agewiesselt ginn.
An der zweeter Bundesliga huet Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte mat engem 0:0 ee Punkt aus Hamburg matgeholl.
A Portugal huet Benfica sech souverän 3:0 bei Gil Vicente duerchgesat, woumat een elo punktgläich mat Sporting un der Spëtzt läit. De Leandro Barreiro souz op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm.
Fir St. Pölten gouf et an der zweeter éisträischescher Liga auswäerts bei Admira en 1:1-Gläichspill. Den Dirk Carlson stoung wéi gewinnt de ganze Match iwwer bei de Gäscht um Terrain.
An der éischter Liga vun der Ukrain huet LNZ Cherkasy mat 0:1 géint Polissya Zhytomyr de Kierzere gezunn. Bei der Lokalekipp stoung den Olivier Thill an der Startformatioun a gouf e puer Minutte viru Schluss ausgewiesselt.
Am Relegatiounsgrupp vun der ieweschter rumänescher Divisioun konnt Hermannstadt sech mat 2:0 bei Sepsi Sf. Gheorghe duerchsetzen. Bei Hermannstadt war de blesséierte Vahid Selimovic net am Kader.