
Den Enzo Duarte dos Santos huet säin éischte Profikontrakt bei Borussia Dortmund ënnerschriwwen. Dat huet den däitsche Bundesligist e Mëttwoch am Nomëtteg annoncéiert. De réischt 17 Joer ale Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller war am Januar 2025 vum Swift Hesper op Dortmund gewiesselt a war déi lescht Saison an der U19 am Asaz.
An der Preparatioun fir déi nei Saison 2026/27 war den Duarte dos Santos dann och scho bei de Profien dobäi a konnt déi Responsabel vum Veräin wuel weider vu sech iwwerzeegen. Wéi laang de Kontrakt leeft, huet d'Borussia net matgedeelt. Fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp huet hie scho fënnef Matcher gespillt.