Den 19 Joer jonke Jakub Mensik huet den Novak Djokovic em säin 100. Titel a senger Karriär bruecht.

An der Finall vun de Miami Open am Hard Rock Stadium kann de Mensik sech mat zwee mol 7-6 géint den Djokovic duerchsetzen. D'Nummer 54 op der Welt séchert sech domadder säin éischten Titel op der ATP-Tour. Fir den Djokovic hätt et d'Nummer 100 kënne sinn.

D'Finall ass eréischt mat bal 6 Stonne Verspéidung ugaangen, dat wéinst heftegem Reen iwwer Miami. Den Djokovic hat de ganze Match iwwer mat Problemer mat sengem rietsen Aen ze kämpfen. En huet ëmmer nees Aendrëpsen dra gemaach. E wollt dat awer net als Excuse gëlle loossen no senger Defaite géint de Mensik. Den 19 Joer jonken Tschech hätt d'Victoire verdéngt.

RTL

Siwent Victoire a Florida verpasst

Bis ewell ass et eréischt zwee Tennisspiller gelongen, fir iwwer 100 Victoiren op der ATP-Tour ze feieren. Et ass dat de Schwäizer Roger Federer (103 Titelen) an den US-Amerikaner Jimmy Connors (109).

Den Novak Djokovic muss also nach e bësse waarden, éier hien an den elitäre Club vun den 100 Titelen opgeholl gëtt. En nächste Versuch kéint hie beim Masters zu Monte Carlo starten, dat vum 6.-13. Abrëll.