E Mëttwoch den Owend ware mam Leandro Barreiro, Seid Korac, Mica Pinto a Mirza Mustafic e puer Lëtzebuerger Futtballer am Ausland aktiv.

FK Vojvodina mam Lëtzebuerger Seid Korac huet sech e Mëttwoch mat 1:0 géint Radnički Niš duerchgesat a steet domat an der Halleffinall vun der serbescher Coupe. De Seid Korac huet de komplette Match iwwer gespillt.

Benfica Lissabon mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro huet e Mëttwoch den Owend dräi wichteg Punkten am portugisesche Championnat geholl. Mat 3:2 wënnt Benfica géint SC Farense. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der Paus agewiesselt. Benfica ass elo punktgläich mam Tabelleleader Sporting.

Um 27. Spilldag a Blugarien huet ZSKA Sofia mat 1:0 géint Lokomotiv Sofia gewonnen. De Lëtzebuerger Mica Pinto stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 85. Minutt ausgewiesselt.

Am Allersmatch vun der Coupe a Bosnien-Herzegowina huet den FK Sarajevo mam Mirza Mustafic sech mat 0:1 géint Borac Banja Luka misse geschloe ginn. De Lëtzebuerger gouf an der 60. Minutt agewiesselt.