Italien verdeedegt Weltmeeschtertitel

© TED ALJIBE / AFP
E Sonndeg huet een an der Finall Bulgarien kloer mat 3:1 geklappt.
Op der Volleyball-Weltmeeschterschaft bei den Hären op de Philippinne gewënnt Italie mat 3:1 géint Bulgarien d'Goldmedail. Domat confirméieren d'Hären d'Resultat vun den Damme virun engem Mount, wou Italien d'Tierkei an der Finall geklappt huet.
Bulgarien - Italien 1:3 (21:25, 17:23, 25:17, 10:25)
D'Italieener haten am éischte Saz de besseren Depart a konnte sech e klenge Virsprong erspillen. De Bottolo, bis dohinner net de beschte Punktesystemer fir Italien, huet déi éischt Punkte gemaach. Mat der Zäit ass den aktuellen Topscorer vun der Weltmeeschterschaft, Alexei Nikolov (Bulgarien), besser an de Match komm. Bulgarien konnt an der Mëtt vum Saz d'Féierung iwwerhuelen. Wou awer den Alessandro Michieletto d'Verantwortung iwwerholl huet, konnten d'Italieener op 21:17 fortzéien. Bulgarien ass nach emol erukomm, mee dem Bottolo war et vergënnt, nom éischten och de leschte Punkt vum Saz ze maachen.
Den zweete Saz war laang equilibréiert. Béid Ekippe konnte reegelméisseg Breakpunkte markéieren an deemno haten d'Coache fréi hir Temps-Morten opgebraucht. Bei 18:18 koum den Italieener Yuri Romanò op de Service. Mat onbeschreifleche 5 Assen hannerteneen huet hien de Grondstee geluecht fir eng 2:0 Féierung an de Sätz.
Mam Réck zur Mauer sinn d'Bulgaren am drëtte Saz volle Risiko gaangen. D'Receptioun vun den Italieener war net méi esou stabil wéi nach an den zwee Sätz virdrun an de bulgaresche Block huet profitéiert. No 2 weideren direkte Punkte vum Service hat sech Bulgarien bei 21:15 eng Avance vu 6 Punkten erausgespillt. De Wiessel vum Passeur bei Italien konnt d'Situatioun och net verbesseren a Bulgarien konnt op 1:2 an de Sätz verkierzen.
Dësen Elan konnt Bulgarien awer net mat an de véierte Saz huelen. Ganz am Géigendeel. Italie war nees méi fokusséiert a virun allem um Service eng Klass besser. Et war de Mattia Bottolo, deen eng staark Serie vun Asse gemaach huet. Den Giannelli huet elo ëmmer déi richteg Uspillstatioun fonnt. Bei 10:21 war d'Kierpersprooch däitlech. Bulgarien hat opginn an Italien konnt de 6. Weltmeeschtertitel feieren.
Tschechien - Polen 1:3 (18:25, 25:23, 22:25, 21:25)
Am Match ëm d'Bronzemedail huet sech Polen duerchgesat. Tschechien ka sech also net fir eng éischt Kéier op de Podium bei enger Weltmeeschterschaft spillen. Polen muss sech also no de Sëlwermedail vun 2022 elo mat enger drëtter Plaz zefridde ginn.