Weltmeeschter vun 2014 a fënnefmol däitsche Champion
Mats Hummels zitt am Summer e Schlussstréch ënnert seng Karriär

© SID/INA FASSBENDER
Dat huet den 78-fachen däitsche Futtballnationalspiller e Freideg op Instagram matgedeelt.
Den Defenseur huet insgesamt, mat enger Ënnerbriechung vun 3 Joer, 367 Matcher fir Borussia Dortmund absolvéiert, mat der Borussia ass hien zweemol däitsche Champion ginn.
Dotëscht hat hien och den Trikot vum Rekordmeeschter Bayern München un, hei sinn et 75 Matcher an dräi Meeschterschaften. Fir d'lescht stoung hien an Italien beim AS Roum ënner Vertrag.
Fir déi däitsch Nationalekipp huet den Hummels vun 2010 bis 2023 insgesamt 78 Matcher gespillt an ass 2014 mat dëser Weltmeeschter ginn.
Am meeschte gelies