Thomas Müller an FC Bayern gi getrennt Weeër

© AFP
Den däitsche Profi-Futtballer huet e Samschdeg matgedeelt, datt de Veräin sech dofir decidéiert hätt, keen neie Kontrakt fir déi nächst Saison opzesetzen.
Domat ginn den Thomas Müller an den FC Bayern no 17 Profi-Jore getrennt Weeër.
Op Instagram schreift de Futtballer an engem Bréif un d'Fans vum däitsche Futtball-Rekordmeeschter: "De Veräin huet sech bewosst dofir entscheet, mat mir keen neie Kontrakt fir déi nächst Saison ze verhandelen. Och wann dat net menge perséinleche Wënsch entsprach huet, ass et wichteg, datt de Veräin sengen Iwwerzeegungen nogeet."
Hie géing de Schratt respektéieren, "dee sech de Kommitee an de Conseil d'administration bestëmmt net einfach gemaach hunn". An och wann den Thomas Müller betount huet, datt him de rezenten "Hin an Hier an der Ëffentlechkeet net gefall" hätt, géing hien awer "vun alle Bedeelegten d'Wäertschätzung fir meng laang Zäit beim FC Bayern" spieren.
Wou seng Zukunft hi geet an ob hie seng aktiv Karriär enzwousch anescht weiderféiere wäert, huet hien oppe gelooss. Hie géif elo fir de Rescht vun der Saison alles maachen, fir däitsche Meeschter ze ginn a mat Bayern an d'Champions-League-Final ze kommen, déi jo zu München gespillt gëtt.
Den "Ur-Bayer" gehéiert zanter 25 Joer zu "sengem" Club. 2008 hat hie säin Debut an der éischter Ekipp ënnert dem Trainer Jürgen Klinsmann. Mat aktuell 743 offizielle Partien huet den Thomas Müller de Rekord an der Geschicht vum Veräin. Bis ewell gouf hien 12 Mol däitsche Meeschter, sechs Mol huet hien d'Coupe gewonnen an zwee Mol d'Champions League.