Lazio ënnerläit Bodö/Glimt, kee Gewënner tëschent Frankfurt an Tottenham

© Glyn KIRK / AFP
An der Europa League goufen en Donneschdegowend d'Allersmatcher vun der Véierelsfinall gespillt.
Ënner anerem waren d'Réimer vu Lazio an Norwegen bei Bodö/Glimt op Besuch, hu sech hei allerdéngs mat 0:2 musse geschloe ginn, dat no zwee Goler vum Ulrik Saltnes.
Kee Gewënner gouf et tëschent Frankfurt an Tottenham. Hei waren d'Frankfurter no 6 Minutten duerch den Ekitike zu London a Féierung gaangen, de Pedro Porro konnt fir d'Spurs allerdéngs no 20 Minutten ausgläichen. Et sollt du beim 1:1 bleiwen.
Och zu Lyon gouf et e Remis. Hei hu sech den Olympique a Manchester United mat 2:2 getrennt. D'Fransouse konnte mat engem Gol vum Thiago Almada an der 5. Minutt a Féierung goen, kuerz virun der Paus huet de Leny Yoro dann awer fir d'Red Devils ausgeglach. An der 88. Minutt dunn d'kal Dusch fir Lyon: Den Ex-Münchener Joshua Zirkzee konnt mam Kapp fir Manchester United treffen. D'Freed heiriwwer huet allerdéngs net laang gedauert:An der 5. Minutt vun der Nospillzäit huet de Rayan Cherki fir den OL getraff a konnt esou a leschter Sekonn ausgläichen.
Keng Goler gouf et tëschent de Glasgow Rangers an de Baske vun Athletic Bilbao. D'Rangers hunn dobäi vun der 13. Minutt u mat engem Spiller manner musse spillen, dat well de Robin Pröper déi Rout Kaart krut.