De Weekend war den éischte Spilldag vum Playoff am Dammefuttball. Am Titel-Playoff goufen et zwee Gläichspiller. Ënne gouf et deelweis héich Victoiren.

Playoff Titel

Den éischte Spilldag am Playoff gouf gespillt. Am Spëtzematch hu sech de Racing an Hesper 2:2 getrennt. De Racing louch an der Paus 2:0 vir, éier Hesper zimmlech spéit nach ausgläiche konnt. De Racing huet domat weiderhi 5 Punkten Avance op d'Ekipp vum Holleschbierg.

Och am zweeten Duell stoung et no 90 Minutten 2:2 tëscht Ell a Jonglënster. Béid Ekippe sinn an der Tabell wäit ofgeschloen a wäerte mam Ausgang vum Championnat wuel net vill ze dinn hunn. Si kënnen héchstens nach Spannung an de Meeschterkampf bréngen.

Playoff Ofstig

Ënnenof gouf et kloer Victoirë fir Mamer (6:2 zu Housen) a fir Déifferdeng (6:0 zu Mäertert-Waasserbëlleg). Dikrech huet sech mat 2:0 géint d'Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher duerchgesat.