An der ieweschter Divisioun am nationale Futtball steet den FC Déifferdeng 03 kuerz virum zweete Championstitel.

D'Formatioun aus der Cité du Fer kann e Samschdeg am Fall vun enger Victoire zu Rouspert d'Meeschterkroun, 5 Spilldeeg virum Schluss vum Championnat, opdoen. Nach méi aussergewéinlech ass awer, datt den FCD03 an deene 24 Spilldeeg eréischt 5 Goler geschoss krut. Zanter der Wanterpaus huet d'Ekipp vum President Fabrizio Bei an 9 Matcher esouguer all Kéier zu Null gespillt.

De Fabrizio Bei

"Jo, dat ass richteg. Et ass exzeptionell. Wann ech mer e bëssen Statistiken, wat ech, ech kucken zwar keng, mee wat ech gesot kréien an Europa, mat 5 Goler, ech mengen, sëtze mer ënner den 3 beschten Ekippe ganz uewen. Eng super Saison. Wa mer déi Kréinung kréien, en zweet Joer hannereneen, zweet Joer, wann s de mer dat virun e puer Méint gesot häss, hätt ech dat net gegleeft. Mee bon, mir hunn e super Kader, mir hunn e gudde Staff, mir hunn eng gutt Ambiance, déi Leit, déi hei fir de Veräi schaffen, däerf een net vergiessen, et gëtt ëmmer d'Ekipp, wat normal ass, d'Spiller an d'Traineren, mee all déi Leit, déi am Hannergrond stinn. Ech hunn iergendwou gelies eng Ära. Ech hoffen, dass déi Ära wierklech ugeet."

Den FC Déifferdeng 03 huet un der Tabellespëtzt 17 Punkten Avance op den Zweeten Diddeleng. Wann d'Ekipp vum President Fabrizio Bei e Samschdeg zu Rouspert déi 3 Punkte kritt, da kann zu Déifferdeng deen zweete Championstitel hannertenee gefeiert ginn, onofhängeg wéi den F91 da beim Tabellendrëtten Nidderkuer spillt.