Frae lafen am Grupp, fir sech op der Strooss méi sécher ze fillen
D’Initiativ "Sine Qua Non Run" kënnt aus Frankräich an huet hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Supporter.
All Dënschdeg no der Aarbecht um 19 Auer treffe si sech op der Place Léon XIII, virun der Kierch zu Bouneweg. Et si virun allem Fraen allen Alters, mee awer och e puer Männer. Zesumme lafe si da vun do aus lass, gemittlech ronn 5 bis 6 Kilometer duerch d'Stad.
Mee et ass keen einfache Laf-Grupp, deen aus Kolleege besteet, déi de Feierowend gär mat enger klenger Course ausklénge loossen. Hannert dem Laf-Treff stécht ee Message: Lëtz Run For Equality.
Et geet dorëms, d'Gläichberechtegung am Sport ze erschaffen, a virun allem Fraen, déi sech nuets eleng beim Lafen op der Strooss net wuel fillen, nees Fräiheet ze ginn, kënnen do an da Sport ze maachen, wou a wa si wëllen.
Als Grupp lafe si owes dann och duerch Plazen, déi dacks evitéiert ginn, wéi zum Beispill d'Péitruss oder d'Parken an der Stad. Am Ganze si ronn 60 Leefer am Whatsapp-Grupp ageschriwwen. Ronn 20 zielen zum Kär, deen all Dënschdeg um 19 Auer un de Start steet.
Infoen dozou fënnt een ënner anerem um Site vun der Stad Lëtzebuerg, iwwert de Whatsapp-Grupp vum Laf-Treff an um offizielle Site vun der Association Sine Qua Non Squad.