United gewënnt geckege Match géint Lyon, och Tottenham eng Ronn weider

© AFP
En Donneschdeg den Owend stoungen an der Europa League d'Retourmatcher vun der Véierelsfinall um Programm.
Frankfurt huet sech knapp mat 0:1 géint Tottenham misse geschloe ginn, woumat d'Londoner sech fir d'Halleffinall qualifizéieren. E puer Minutte virun der Paus huet de Solanke vum Eelefmeterpunkt aus den eenzege Gol vum Owend markéiert.
Donieft konnt Athletic Bilbao sech doheem 2:0 géint d'Glasgow Rangers behaapten an ass esou eng Ronn weider. An der Nospillzäit vum éischten Duerchgang huet de Sancet aus 11 Meter d'Nerve behalen an d'Haushären a Féierung geschoss. Den Nico Williams huet kuerz viru Schluss per Kapp fir d'Entscheedung gesuergt.
Nom 2:2 tëscht Lyon a Manchester United virun enger Woch gouf et an England nees de selwechte Score no 90 Minutten. No Goler vun Ugarte an Dalot stoung et an der Hallschent 2:0 fir d'Red Devils, den Tolisso an de Lacazette hunn awer nach virun der Schlussphas ausgeglach.
An der Verlängerung huet Lyon d'Partie duerch e Gol vum Cherki an en Eelefmeter vum Lacazette an Ënnerzuel gedréint. De Fernandes huet awer aus 11 Meter nees verkierzt, ier Mainoo a Maguire d'Lokalekipp an de leschte Minutten erëm a Féierung brénge konnten. Um Enn gewannen d'Red Devils domat e spektakuläre Match mat 5:4 géint Lyon.
No der 0:2-Defaite am Allersmatch géint Bodö/Glimt konnt Lazio Roum dëse Score duerch Goler vu Castellanos an Noslin egaliséieren, soudass et och zu Roum zur Verlängerung koum. Hei huet den Dia den drëtte Gol fir d'Réimer markéiert, ma kuerz drop huet den Helmersen erëm op 3:1 verkierzt. Am Eelefmeterschéisse huet Bodö/Glimt sech dunn awer nach duerchgesat a sech esou als lescht Ekipp fir d'Halleffinall qualifizéiert.
Domat stinn dann och d'Dueller an der Halleffinall fest: Athletic Bilbao trëfft op Manchester United an Tottenham kritt et mat Bodö/Glimt ze dinn.