Um Samschdeg war den zweete Match vun der Finallserie an der Enovos League bei den Dammen.

De Champion Gréngewald Hueschtert geet mat 2:0 an der Serie a Féierung an huet um Mëttwoch doheem d'Méiglechkeet den Titel ze verdeedegen. Allerdéngs war des zweet Finall laang haart ëmkämpft. D'Sparta louch nom drëtte Véierel mat 50:48 a Féierung an et konnt een eng spannend Schlussphas erwaarden. Dozou sollt et awer net komme well de Champion huet am leschte Véierel iwwerzeegt an sech ronn 5 Minutte viru Schluss op 12 Punkten ofgesat. Bartreng huet net opginn, koum allerdéngs net méi no genuch erun fir nach emol fir Spannung ze suergen. Um Enn wënnt Hueschtert mat 75:67.

D'Lisy Hetting konnt 22 Punkten markéieren, dorënner 6 Dräier, d'Alexus Johnson huet 18 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Dammen

Resultater Dammen