Ettelbréck geet no souveräner Victoire 1:0 a Féierung

© Shari Schenten
Um Samschdeg war den Optakt vun der Championnats-Finall bei den Hären.
Zu Ettelbréck konnt d'Lokalekipp mat enger 97:71 Victoire den éischte Match vun der "best-of-five" Serie gewannen. Béid Ekippen si gutt an d'Partie gestart an d'Spectateuren hunn e séiere Match mat ville Punkte gesinn. Mat dräi Dräier noenee konnt de Jimmie Taylor virun der Paus dofir suergen, dass d'Etzella sech ofsetze konnt, mat engem 56:48 Virsprong ass d'Lokalekipp an d'Kabinn gaangen.
Am drëtte Véierel huet Diddeleng offensiv de Rhythmus verluer, Ettelbréck dogéint konnt weider aus alle Positiounen treffen an sech weider ofsetzen. Um Enn hat d'Ekipp aus dem Norde 12 Dräier getraff an vun der Fräiworflinn konnt een ganz staark 23 Wërf bei 26 Versich markéieren. Mat jeeweils 27 Punkten konnten de Philippe Gutenkauf an de Jimmie Taylor iwwerzeegen. Den zweete Match vun der Serie gëtt um Mëttwoch zu Diddeleng gespillt.