Den däitsche Futtball ass am Trauer. Am Alter vu 76 Joer ass de Werner Lorant gestuerwen.

Wéi säin eemolege Veräin TSV 1860 München op Ouschtersonndeg matgedeelt huet, ass de Werner Lorant no laanger Krankheet gestuerwen.

Virun allem a senger Zäit bei 1860 München huet hie vill vu  sech schwätze gedoen. Wärend 9 Joer (1992-2001) huet hien de Veräin aus de bayrescher Metropol trainéiert an him zu enger vu sengen erfollegräichsten Zäite verhollef. Dorënner den Opstig an d'Bundesliga a souguer d'Participatioun un der Champions League am Joer 2000.

De Werner Lorant huet awer och Veräiner am Ausland trainéiert. Ënnert anerem an der Tierkei. Hie war bekannt dofir, datt hie kee Blat virun de Mond geholl huet an ëmmer seng Meenung riicht eraus gesot huet. Säi Spëtznumm war "Werner Beinhart".
 
Déi lescht zwee Joer war d'Trainerlegend krank an ass elo an Oberbayern verscheet.