33.05 Sekonnen huet den Norweger gebraucht, fir säin eegene Rekord aus dem Joer 2021 ze briechen.

An der Diamond League am chineeseschen Xiamen gouf et e Samschdeg op den 300-Meter-Hecken en neie Weltrekord vum Karsten Warholm. No 33.05 Sekonne war den 29 Joer ale Liichtathlet aus Norwegen virum Brasilianer Matheus Lima (33.98) an dem Japaner Ken Toyoda (34.22) als Éischten iwwert d'Arrivée gelaf.