Mat enger klorer 4:0-Victoire géint Monnerech iwwerhëlt Stroossen an der Tabell Diddeleng an Nidderkuer.

E Sonndeg ass um 26. Spilldag vum nationale Futtballchampionnat nach keng Decisioun an der Lutte géint den Ofstig gefall. Trotzdeem gesäit et fir déi zwou Ekippen um Enn vun der Tabell net gutt aus.

Resmé BGL Ligue 26. Spilldag / Reportage Gilles Tricca

Fir den FC Monnerech gëtt et no enger 0:5-Defaite zu Stroossen just nach eng theoretesch Chance op de Maintien an der héchster Spillklass. Véier Matcher viru Schluss ass de Réckstand op d'Barrageplaz 10 Punkte grouss. Och fir d'Fola schéngt den Ofstig an d'Éierepromotioun no enger 0:3-Defaite géint Hesper net méi ze verhënneren ze sinn. Aktuell steet den Escher Veräin vum Gaalgebierg néng Punkten hannert der Barrageplaz.

Datt dëse Réckstand net nach méi grouss ginn ass, ass der Mentalitéit vu Wolz ze verdanken, duerch déi d'Ekipp e Réckstand géint den SC Beetebuerg dréinen an de Match mat 3:2 wanne konnt. D'Beetebuerger hunn eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn an hunn domadder d'Chance verpasst, wichteg Punkten am Ofstigskampf ze sammelen. Si bleiwen also weider op der 14. Plaz mat 19 Punkten. Wolz huet dogéint elo eng Avance vun dräi Punkten op d'Barrageplazen.

Ganz uewen an der Tabell huet de frësche Champion Déifferdeng weider näischt ubrenne gelooss an nees ouni Géigegol mat 4:0 géint Hueschtert gewonnen. Hannendru gëtt et mat Stroossen een neien Tabellenzweeten. Dat well op där enger Säit de Progrès Nidderkuer mat 1:2 zu Munneref de Kierzere gezunn huet, an op där anerer Säit Diddeleng net iwwer en 1:1 géint d'Union Titus Péiteng erauskomm ass.

De Stiermer vum F91 Samir Hadji huet am Interview mat RTL iwwert de Remis géint Péiteng geschwat:

De Samir Hadji nom Match am RTL-Interview

"Oui, très, très déçu parce que voilà, on voulait absolument gagner ce match pour garder notre deuxième place. Je pense qu 'on a fait quand même un bon match. On s'est procuré beaucoup d'occasions. Le gardien a fait un très bon match en face. On a manqué de justesse devant le but, de réussite aussi. Ça a fait chier, mais voilà, en plus on perdait et on est revenu au score. Mais je pense qu'ils avaient un peu de réussite et nous un peu de malchance. Mais c 'est ce qu 'on va faire, voilà, on va retravailler, on va regarder les erreurs qu'on a fait, ce qu’on doit améliorer. Bon, qu'en fin de saison, on essaye de tout gagner, quoi."

Stroossen an Diddeleng sinn elo also punktgläich mat 51 Punkten op de Plazen Zwee respektiv Dräi. Déi véiert Positioun kéint och nach europäesch ginn, deemno wéi d'Coupe de Luxembourg ausgeet. Do steet am Moment de Racing mat 49 Punkten drop. Véier Spilldeeg viru Schluss sinn och nach Nidderkuer, an esouguer theoretesch Munneref an der Course fir d'Conference League Qualifikatioun.

An de weidere Partië vum Sonndeg gouf et dann nach eng 2:0-Victoire vum Racing géint d'Jeunesse Esch a Rodange a Rouspert hu sech mat engem 0:0-Remis d'Punkte gedeelt.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D'Tabell