Um Sonndeg stoung an der Enovos League bei den Hären den drëtte Match vun der "Best-of-Five" Finall-Serie um Programm.

D'Etzella Ettelbréck ass Champion / Reportage Shari Schenten

D'Etzella Ettelbréck ass fir déi 16. Kéier Lëtzebuerger Champion bei den Hären, dat no enger 87:80 Victoire géint den T71 Diddeleng. D'Lokalekipp huet d'Serie kloer mat 3:0 gewonnen.

Béid Ekippe sinn nervös an de Match gestart, d'Reussite war am éischte Véierel schwaach an d'Etzella louch 16:15 vir no den éischten 10 Minutten. Am zweete Véierel konnt Diddeleng ënner dem Impuls vum Dino Ceman e Laf starten a sech e Virsprong vu bis zu 9 Punkten (34:25) erspillen. Ettelbréck hat säi Rhythmus zwar kuerzzäiteg net fonnt, bis zur Paus ass et den Ettelbrécker allerdéngs gelongen, de Match ze dréinen, zur Paus stoung et 37:36 fir d'Lokalekipp.

RTL

© Shari Schenten

Nom Säitewiessel ass et weider spannend bliwwen. Diddeleng hat Probleemer mat de Feeler, den Dino Ceman an de Joe Kalmes hu misse fréizäiteg mat 5 Feeler vum Terrain. Ettelbréck huet an der Schlussphas profitéiert a sech lues a lues ofgesat. Diddeleng huet alles probéiert, d'Etzella hat allerdéngs d'Reussite op senger Säit a konnt no engem spannende Match feieren.

Mat 33 Punkte konnt de Quatarrius Wilson der Partie säi Stempel opdrécken, ënnerstëtzt gouf hie vum Jimmie Taylor (28 Punkten) an dem Philippe Gutenkauf (18 Punkten).

De Match am Replay

D'Etzella Ettelbréck ass Champion bei den Hären (Replay vum ganze Match)
D'Etzella Ettelbréck ass fir déi 16. Kéier Lëtzebuerger Champion bei den Hären, dat no enger 87:80 Victoire géint den T71 Diddeleng.