Bei der Haaptcourse iwwer 34 Kilometer gouf et bei den Hären eng Victoire fir den Hakan Bo Nilsson virum Michael Feller an dem Eric Gonderinger.

Op de Spuere vum Vauban a vum Melusina, den Trail vun der Befestegung an d'Grand-Ducale. D’Nimm vun deene verschiddene Coursse mat ënnerschiddlechen Distanze beschreiwen ëm wat et beim Urban Trail haaptsächlech geet: D’Stad gëtt am Lafen entdeckt.

Dozou gehéiert natierlech d’Alstad an awer och al Sehenswierdegkeeten am Stadkär selwer. Esou kritt een en Deel vun de Leefer a Leeferinne gezielt, awer nach laang net all. Dem Organisateur no goufen d'Startnummeren all verkaaft an do keent déi impressionnant Zuel vu 5000 derbäi eraus.

De multikulturellen Aspekt vun der Haaptstad kënnt am Urban Trail zum Virschäin an och d’Spectateure ginn hiert Bescht, sou dass eng sympathesch Ambiance entsteet.

Den Hakan Bo Nillson, de fréiere Vëlosspezialist, gewënnt d’Haaptcourse, déi sougenannte Grand Ducale iwwer 34 Kilometer. Bei den Dammen ass et d'Shefi Xhaferaj, där dësen Exploit geléngt. Si kënnt am Gesamtklassement als 26. un an distanzéiert domadder eng ganz Partie Hären. Hannert hir kommen d'Jennifer Badger an d'Susanne Loewen op d'Plazen 2 an 3 bei den Dammen.

Bei Fréijoerstemperaturen ëm déi 22 Grad, hu sech Sportler an Touriste begéint an et ass eng interessant a lieweg Mëschung derbäi entstanen.