Staark 2. Plaz fir d'Jeanne Lehair zu Valencia

© IRONMAN Spain / Facebook
E Podium bei hirem éischten Ironman 70.3 Triathlon: D'Jeanne Lehair huet e Sonndeg a Spuenien eng staark Leeschtung gewisen.
Et ginn Debuten déi sinn sou erfollegräich, datt se fir eng laang Zäit an Erënnerung bleiwen. Dat ass sécherlech och de Fall beim Jeanne Lehair. D'Franséisch-lëtzebuergesch Triathletin ass bei hirer éischter Participatioun beim Ironman 70.3 op déi zweet Plaz komm.
D'Europameeschterin vun 2023 a lëtzebuergesch Olympionickin hat no 1,9 Kilometer Schwammen am Mëttelmier, 90 Kilometer um Vëlo an 21 Kilometer lafe eng Zäit vu 4:07.25 Stonnen op der Auer. Nom Schwammen, wou d'Jeanne Lehair als Zweet aus dem Waasser komm war, huet si um Vëlo zéng Plaze missen astiechen, sou datt et vun der 12. Plaz an den Hallefmarathon gaangen ass. Genee dat ass awer hir Stäerkt, a sou ass et zum Schluss duergaangen, sech déi zweet Plaz duerch eng Zäit vun 1:14.43 Stonn am Hallefmarathon nach zréckzehuelen.
"Super zefridden an iwwerrascht vum Resultat", sou d'Jeanne Lehair no der Course. "Ech fille mech wéi eng Bom. Ech si mir net sécher ob ech dat nach eng Kéier probéieren, mee elo hunn ech Plaz fir d'WM... kucke mer mol"