ManU wënnt däitlech zu Bilbao, Tottenham klappt Bodö/Glimt

© ANDER GILLENEA/AFP
Duerch déi 3:0-Victoire zu Bilbao huet Manchester United e grousse Schratt a Richtung Finall gemaach. Tottenham konnt sech doheem mat 3:1 behaapten.
Um Donneschdeg stoungen d'Allersmatcher vun den Halleffinallen an der Europa League um Programm.
Athletic Bilbao huet däitlech mat 0:3 géint Manchester United verluer. D'Gäscht sinn am Stadion San Mames gutt an d'Partie komm. Dem Garnacho säi Gol an der 5. Minutt huet wéinst Abseits awer net gezielt. D'Heemekipp huet awer séier d'Rudder iwwerholl a war an der Suite déi besser Ekipp. Den Inaki Williams an de Berenguer krute ganz gutt Chancen net am Filet ënnerbruecht.
No der hallwer Stonn koum et knëppeldéck fir d'Heemekipp. Fir d'éischt goung ManU duerch de Casemiro a Féierung. Kuerz drop krut de Vivian wéinst enger Noutbrems déi Rout Kaart gewisen. De Fernandes huet doropshi mat engem Eelefmeter op 2:0 erhéicht. De selwechte Spiller konnt kuerz virun der Paus och nach den 3. Gol markéieren. Nom Téi hunn d'Englänner d'Partie geréiert, konnten awer kee weidere Gol markéieren. Bilbao huet an Ënnerzuel keng Gefor am Spill no vir entwéckelt. Um Enn blouf et bei der klorer Victoire fir ManU.
Tottenham konnt sech doheem mat 3:1 géint Bodö/Glimt aus Norwegen behaapten. Zu London gouf et e perfekte Start fir d'Heemekipp. No ronn 40 Sekonnen huet den Johnson mat engem placéierte Kappball Tottenham a Féierung bruecht. D'Gäscht hu probéiert dogéint ze halen, d'Englänner haten d'Partie awer am Grëff. De Maddison huet an der 34. Minutt op 2:0 erhéicht. Mat deem Resultat goufen d'Säite gewiesselt. Och no der Paus war Tottenham iwwerleeën an de Solanke huet per Eelefmeter den 3. Gol markéiert. An der Schlussphas huet Tottenham et ze roueg ugoe gelooss. De Saltnes konnt duerch en ofgefälschte Schoss op 1:3 verkierzen. E weidere Gol sollt awer net méi falen.
Béid englesch Ekippen hunn domadder eng gutt Ausgangspositioun fir d'Retourmatcher, déi den 8. Mee gespillt ginn.