An enger Zäit 1:01:66 konnt de Lëtzebuerger sech an der B-Finall bei den Tyr Pro Swim Series zu Fort Lauderdale a Florida op der 2. Plaz klasséieren.

Mat dëser Zäit huet de Schwëmmer d'B-Norm fir Weltmeeschterschaft zu Singapur realiséiert. Tyr Pro Series sinn am Schwammsport an Nord Amerika an iwwer d'Grenzen eraus eng Referenz.

De Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter Brasse ass aus dem Joer 2013. De Laurent Carnol war deemools zu Barcelona op der Weltmeeschterschaft 1:00:76 geschwommen.