300 Spiller aus der ganzer Welt bei de Luxembourg Open an der Coque derbäi
Vum 1. bis de 4. Mee ginn de Moment an der Coque d'Luxembourg Open am Badminton gespillt.
Mat dobäi sinn 300 Spiller aus der ganzer Welt. Och eng Rei Lëtzebuerger spille mat, dat entweder mat enger Wildcard oder duerch hir Placéierung an der Weltranglëscht. Um Freideg am Asaz sinn de Jérome Pauquet, deen am Eenzel am Moment d'Nummer 222 bei de Männer ass an d'Kim Schmidt, d'aktuell Nummer 159 bei de Fraen.
Et ass déi insgesamt véiert Editioun vun de Luxembourg Open an der Coque. Den Niveau vum Tournoi gouf dobäi dëst Joer op den Niveau "International Series" erofgestuuft, dat opgrond vum Kalenner vun der BWF. Schlecht ass dat awer net onbedéngt, well d'Lëtzebuerger Spiller esou villäicht méi grouss Chancen hunn, Matcher fir sech ze entscheeden an den Niveau och insgesamt méi ausgeglach ass.
E Sonndeg den Owend kënnt dir dann am Sport ee grousse Sujet op der Tëlee gesinn.