Bochum nach net ofgestigen, Manchester City bleift op Champions-League-Plaz

© Photo by Harry Langer / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Weider konnt sech Nice zu Reims duerchsetzen an tëscht Turin a Venedeg gouf et kee Gewënner.
Bundesliga
FC Heidenheim - VfL Bochum 0-0
Den Optakt vum drëttleschte Spilldag mécht e richtegt Kellerduell. De Leschte Bochum empfänkt doheem den Drëttleschten Heidenheim. Bei enger Néierlag hätten déi Bochumer keng Chance méi, nach an der Bundesliga ze bleiwen. An et huet een de Gäscht och ugesinn, datt si hei dräi Punkte wollt mathuelen. Si haten déi besser Chancen an och méi Ballbesëtz. Ma déi néideg Effizienz virum Gol huet gefeelt, esou datt sech béid Ekippe mat engem 0:0 d'Punkten deelen. Domadder bleift Bochum véier Punkten hannert der Relegatiounsplaz an huet awer keng Chance méi, fir d'Klass direkt ze halen. Heidenheim kéint, sollt Kiel de Weekend net gewannen, sech op d'mannst Relegatiounsplaz nächste Weekend sécheren.
D'Partie krut ganzer 14 Minutten Nospillzäit, well sech de Kevin Müller, Golkipp vun Heidenheim, uerg um Kapp blesséiert hat, nodeem hie mam Sissoko vu Bochum aneneegerannt war, a laang um Terrain huet misste behandelt ginn, éier hie mat enger Bar erofgedroe gouf.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Manchester City - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 De Bruyne (35')
Eng Chance op den Titel huet Manchester City net, ma et brauch een awer wichteg Punkten an der Lutte ëm d'Champions League, well hei direkt fënnef Veräiner ganz no beienee leien. Wolverhampton dogéint ass weder an der Lutte ëm dat internationaalt Geschäft, nach am Ofstigskampf mat dobäi. City hat och méi vun der Partie an huet sech no 35 Minutte duerch de Kevin de Bruyne och belount. Dës sollt den eenzege Gol an der Partie bleiwen an déi knapp Victoire geet Manchester duer, fir uewe mat dobäi ze bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
FC Turin - FC Venedeg 1:1
0:1 Kike (35'), 1:1 Vlasic (75',p)
Wärend Venedeg wichteg Punkte géint den Ofstig wëll sammelen, geet et fir Turin als 10. um 35. Spilldag ëm net méi ganz vill. Venedeg war no 36 Minutten a Féierung gaangen, nodeem hinne no 5 Minutte e Gol vum VAR oferkannt gouf, well den Zerbin am Abseits stoung. No 75 Minutten huet d'Heemekipp du vum Punkt ausgeglach. Turin kann da wuel och däitlech besser mam 1:1 liewen, wéi Venedeg, déi e puer gutt Chancen haten, mä wou d'Reussite zum Schluss einfach gefeelt huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
OGC Nice - Stade Reims 1:0
1:0, Sanson (15')
D'Heemekipp brauch dräi Punkten, fir nach beim Thema Champions League e Wuert matschwätzen ze kënnen. Mat enger Victoire kéint Reims sech virzäiteg virum direkten Ofstig retten. Et war awer d'Heemekipp, déi scho fréi duerch de Gol vum Sanson a Féierung konnt goen an och gréisstendeels d'Kontroll vun der Partie u sech gerappt huet. Zwar hat Reims och déi eng oder aner Chance, eppes wierklech Zwéngendes koum dobäi awer net eraus.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Rayo Vallecano - FC Getafe 1:0
1:0 Lejeune (7')
U sech ass an dëser Partie eppes kloer: Wie verléiert, kritt et ganz schwéier, fir déi nächst Saison international mat dobäi ze sinn. An d'Heemekipp wëll wuel onbedéngt do nach e Wuert matschwätzen. Well schonn no 7 Minutten huet de Lejeune d'Rayo Vallecano a Féierung bruecht. Iwwerhaapt hate si méi vum Match, méi Ballbesëtz, méi Ofschlëss, méi Schëss op de Gol. Ma e weidere Gol, fir op Nummer sécher ze goen, ass net dobäi erausgesprongen. Getafe war no Vir dogéint awer ze ongeféierlech, fir selwer nach erunzekommen. Esou koum et dann zu engem drëtten 1:0 op dësem Owend am Internationale Futtball.