Ex-Basketball-Profispiller
Thomas Grün zitt e Schlussstréch ënner seng Karriär

© Emile Mentz
Den Thomas Grün zitt mat 30 Joer e Schlussstréch ënner seng Karriär als Basketballspiller.
Déi lescht Jore war den Thomas Grün beim Basket Esch aktiv, jorelaang war hien als Profi zu Tréier aktiv a stoung fir d'Nationalekipp um Terrain.
Wéi et op der Säit vun der FLBB e Méindeg heescht, huet hien dës Entscheedung no laangen Iwwerleeunge geholl. Hie wéilt seng Blessuren net verschlëmmeren an och no der Karriär nach en aktive Liewensstil hunn, dofir wier et elo un der Zäit dem Basket de Réck ze dréinen.
Am meeschte gelies