Flipkens, Kontaveit a Bouchard mat dobäi
Et ass den traditionelle Rendez-vous wann an der Coque tëscht dem 9. an 12. Oktober fir déi 4. Kéier d'Luxembourg Ladies Tennis Masters gespillt ginn.
E Méindeg goufen déi éischt Spillerinne presentéiert déi bei de Luxembourg Ladies Tennis Masters mat dobäi sinn. Et sinn direkt bekannten Nimm dobäi. D'Kirsten Flipkens kënnt am Oktober op Lëtzebuerg fir den Titel ze verdeedegen. Déi fréier Nummer 13 am WTA-Ranking hat jo d’lescht Joer d'Finall géint d'Martina Hingis gewonnen an dierf domat automatesch bei der nächster Editioun mat dobäi sinn.
D’Organisatrice Luxembourg Ladies Tennis Masters, Dan Maas:
"Dofir si mer frou, dass d'Kirsten Flipkens dann och zougesot huet fir ze kommen. Da kënnt d'Anett Kontaveit, wat 2023 den Titel gewonnen huet. Et konnt awer leider dat Joer drop den Titel net verdeedegen, well et du schwanger war. Dunn huet et eis awer elo gefrot, an dat huet eis ganz besonnesch Freed gemaach, dass d'Initiativ vun him aus kéim, ob et dann awer elo deen Ticket, deen et an der Täsch hat, elo kënnt fir 2025 aléisen."
Och d'Eugenie Bouchard ass annoncéiert ginn. Déi fréier Nummer 5 op der Welt stoung 2014 an der Finall vum Grand Slam Tournoi zu Wimbledon an d'Kanadierin war och schonn um Tournoi op der Kockelscheier mat dobäi. Fir de Letz Talk, also der Table Ronde, déi och dëst Joer nees organiséiert gëtt, brauch de Spectateur awer net ze bezuelen, wou iwwert de Sport, Show a Business a Chancëgläichheet geschwat gëtt.
"An do ass ënner anerem d'Daniela Hanterova als Ambassadrice vum Tournoi, plus d'Patricia Kelly, wat e Member vun der Kelly Family ass, ënner anerem als Auslänner derbäi an da ganz vill interessant Leit och nach hei vu Lëtzebuerg, wat e ganz flotten Owend ass. Do ass den Entrée fräi, dat geet um 17:30 Auer lass, Dënschden de 7. Oktober."
Et ass relativ einfach un Ticketen ze komme fir dës Spillerinnen am Oktober kënnen ze gesinn.
"Dat geet iwwert de Site vun der Coque, iwwert onse Site an et geet och bei Ticket Regional, wou een da seng Tickete ka kréien. Un de Präisser hu mer glat näischt geännert. Ech mengen et kritt ee véier Deeg Tennis fir en honnert Euro den Abo an eng reservéiert Plaz. Mir wëlle jo och hunn, dass d'Leit Freed hunn an dass vill Leit kommen. Also den Ticketsverkaf, dee start vun en Dënschdeg un.”
An deenen nächste Woche ginn nach weider Nimm fir dës véierten Editioun annoncéiert. Et kann e gespaant si wéi eng Spillerinnen nach bei de Ladies Tennis Masters dobäi wäerte sinn.