Duerch eng 1:0-Victoire an der Finall géint den AC Mailand huet den FC Bologna den éischten nationalen Titel zanter iwwer 50 Joer gewonnen.

Am internationale Futtball war e Mëttwoch den Owend ënner anerem d'Finall vun der Coppa Italia. No 90 Minutte konnt sech den FC Bologna mat engem knappen 1:0 géint den AC Mailand behaapten.

A Spuenien huet Real Madrid donieft a leschter Sekonn de fréizäitege Championstitel vum FC Barcelona verhënnert. Duerch ee Gol an der 95. Minutt gouf et nach eng 2:1-Victoire géint Mallorca. D'Katalane kënnen en Donneschdeg den Owend awer mat enger eegener Victoire géint Espanyol Barcelona alles kloer maachen.

Coppa Italia

AC Mailand - FC Bologna 0:1
0:1 Ndoye (53')

Am Stadio Olimpico zu Roum haten d'Spectateuren eng intensiv Ufanksphas mat ville Golchancen op béide Säiten ze gesi kritt. E Stéck méi geféierlech war den AC, deen eigentlech hätt missen a Féierung goen. Am weidere Spillverlaf huet d'Vitess dann awer e gutt Stéck ofgeholl an de Match huet sech gréisstendeels am Mëttelfeld ofgespillt. En Opreeger gouf et dann awer nach virun der Paus. Bei engem Corner huet de Beukema am Loftduell kloer den Ielebou géint de Gabbia agesat. Trotz der Tätlechkeet war de Videoarbitter net an den Asaz komm, wat zu grousse Protester op der Säit vun de Mailänner gefouert huet.

Nëmmen aacht Minutten nom Start an déi zweet Hallschent ass dem FC Bologna dann d'Féierung gelongen. Ee Ball, dee vum Theo net gutt gekläert gouf, war virun d'Féiss vum Dan Ndoye gefall, deen net laang gezéckt huet an op 1:0 stelle konnt. Fir de Rescht vum Match hu sech d'Rossoblu an der Defense impeccabel gewisen. Si hunn et dem AC immens schwéier gemaach a scho fréi de Spillopbau gehënnert, sou datt mol net d'Méiglechkeet op richteg gutt Golchancen do war. Um Enn bréngt Bologna d'Féierung sou iwwert d'Zäit a feiert den drëtte Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht no 1970 an 1974.

LaLiga

Real Madrid - Mallorca 2:1
0:1 Valjent (11'), 1:1 Mbappé (68'), 2:1 Ramon (90+5')

Déi Kinneklech hunn e Mëttwoch dräi Punkte gebraucht, fir nach eng kleng theoreetesch Chance op de Championstitel ze halen. Duerch e Last-Minute-Gol vum Ramon ass dat och gelongen. Schonn no 11 Minutte war et de Martin Valjent, dee mat engem prezise Schoss op 1:0 fir d'Gäscht stelle konnt. Real huet direkt nom Géigegol gewisen, datt si sech ëm eng Reaktioun beméie wollten. Mat engem richtege Powerplay a Richtung Gol vu Mallorca hu si dat och gemaach, allerdéngs ouni de Succès. Mat engem Réckstand ass et sou an d'Paus gaangen.

Och an der zweeter Hallschent war d'Lokalekipp kloer besser am Match a war engem Gol méi no wéi d'Gäscht. No iwwer 20 registréierte Schëss konnte si sech da belounen. Aus e puer Meter huet den Top-Scorer aus der Liga, de Kylian Mbappé flaach an de lénken Eck geschoss an op 1:1 ausgeglach. Well a Spuenien net wéi a villen anere Ligen d'Goldifferenz gekuckt gëtt, ma den direkte Vergläich, géif e Remis net duergoen. Bis zum Schluss huet Real dofir op ee weidere Gol gedréckt a gouf dann nach mat der leschter Aktioun vum Match belount. No engem héije Ball an de Strofraum hat de Ramon säi Fouss dertëscht gehalen an nach op 2:1 gestallt.