Vum 26. bis den 31. Mee sinn an Andorra d'Spiller vun de klenge Länner.

En Donneschdeg den Owend war am Siège vun der Bil an der Stad déi offiziell Presentatioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun fir déi 20. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner. De Grand-Duché wäert mat 166 Sportlerinnen a Sportler vertruede sinn. Nach ni virdru waren esou vill Sportler aus dem Grand-Duché bei Spiller vun de klenge Länner dobäi.

Presentatioun vum "Team Lëtzebuerg" fir Andorra / Reportage Lynn Kayser

An 12 verschiddene Sportaarten (Liichtathletik, Basket (5x5 an 3x3), Cyclissem, Turnen (akrobatesch a rhythmesch), Judo, Karate, Schwammen, Rugby, Tennis, Dëschtennis, Sportschéissen a Volleyball (Indoor a Beach Volleyball)) wäert d'"Team Lëtzebuerg" Enn Mee an de Pyrenäen ëm Medaile kämpfen, ma Medaile sinn net alles, sou de President vum COSL, Michel Knepper.

"Et ass ëmmer flott, wa vill Medaile kommen. Virun allem mengen ech, et ass flott, dass wierklech déi Jonk, dass déi kënnen eng Erfarung maachen. An et ass jo wierklech eng Tëschenetapp herno, fir op Europameeschterschaften, op Weltmeeschterschaften ze kommen, op europäesch Spiller kënnen ze kommen, an dass déi wierklech un hir Beschtleeschtung erukommen."

Nieft de villen Nowuesstalenter gehéieren och Athleeten zur Delegatioun, déi Lëtzebuerg schonn op héchstem Niveau vertrieden. Mat Mladenovic, De Nutte, Bertemes-Hoffmann, Kirsch an Daleiden Ciuferri si beim "Team Lëtzebuerg" fënnef Sportler dobäi, déi och op den Olympesche Spiller zu Paräis zejoert um Depart stoungen. Mat vun der Partie ass awer och déi frësch gebake Vizeeuropameeschtesch am Karate Jenny Warling. Si freet sech schonn op den nächsten Highlight an hirer Karriär.

"Jo, et ass gutt. Also et mécht awer och gläichzäiteg e bëssen Drock. Mee ech freeë mech awer, also Karate war bis elo nach ni dobäi, dat heescht ech freeë mech op déi ganz Atmosphär an op dat ganzt Team Lëtzebuerg."

Fir de Schwëmmer Finn Kemp ass et och déi éischt Participatioun. Datt grad mam Laurent Carnol, de fréier Brassespezialist, deen nach eng Rei Lëtzebuerger Rekorder hält, de Chef de Mission an Andorra ass, ass fir hien eng extra Motivatioun.

"Dat motivéiert mech ganz. Ech war bei engem Rekord derbäi, wou de Laurent seng 2:09 geschwommen ass an der Coque. Scho säit ganz jonkem motivéiert mech dat. Déi Zäite sinn nach ëmmer Weltklass, och am Moment. An et ass wierklech och cool, fir ze gesinn, dass ech elo ufänken, lues a lues no un déi Zäiten erunzekommen."

Nodeems d'Lëtzebuerger Volleyballer bei der leschter Editioun 2023 op Malta hu missen aussetzen, well de Volleyball net am Programm war, kënne si dës Kéier nees ugräifen. Dat kloert Zil vun den Hären ass Gold, sou de Kapitän Gilles Braas.

Extrait Gilles Braas

"Ech mengen déi lescht Kéier, wou mer do waren, hu mer dat net gepackt. Mir wëssen, dass Montenegro, eisen allerstäerkste Géigner, dës Kéier net dobäi ass. Doduerch wäerte mir mat Zypern warscheinlech ëm déi éischt Plaz kämpfen an ech hoffen, dass mer Gold mat heem kënnen huelen."

Wärend der Woch an Andorra kënnen d'Lëtzebuerger Sportler och op d'Ënnerstëtzung vum Sportminister Georges Mischo zielen. Fir hien ass et eng Première an där Funktioun, mä d'Spiller vun de klenge Länner si keng komplett Inconnue fir hien.

"Ech hunn zwee Spiller matgemaach 2011 an 2013 beim Radio an déi éischt als Sportminister, dofir sinn ech enorm frou, fir matzegoen an och fir mat den Athleetinnen an Athleeten a Kontakt ze kommen, fir mat hinnen ze schwätzen, fir mat hinnen eventuell iwwert hir Néierlagen ze schwätzen, iwwert hir Performancen ze schwätzen, iwwert hir Medailen ze schwätzen."

D'nächst Woch e Freideg geet et fir d'Lëtzebuerger Delegatioun mat Busser a Richtung Andorra. Fir esou e klengt Land mat ronn 80.000 Awunner ass d'Organisatioun vun esou enger grousser Manifestatioun mat ronn 800 Participanten eng grouss Erausfuerderung. De Chef de Mission Laurent Carnol ass awer zouversiichtlech, datt et flott Spiller wäert ginn.

Extrait Chef de Mission Laurent Carnol

"Ech mengen, mir haten e ganz gudde Kontakt mam Organisateur. Si sinn eng kleng Ekipp, mä awer ganz reaktiv gewiescht. Sécher wäerte Probleemer optauchen. Ech mengen, bei esou engem groussen Event an esou engem klenge Land ass dat evident, mä ech mengen, mir sinn och als COSL gutt opgestallt, fir hoffentlech kënne séier ze reagéieren. Ech mengen, generell ass dohanne ganz vill Häerzblutt an déi Organisatioun gefloss an dofir sinn ech zouversiichtlech, datt dat och gutt klappe wäert an datt et gutt Spiller ginn".