Jeanne Lehair klappt Weltelite a séchert sech Gold zu Yokohama

© TETSUJI NOGUCHI YomiuriThe Yomiuri Shimbun via AFP
Fir d'Lëtzebuergerin ass et déi éischt Victoire am Kader vun der World Triathlon Championship Series.
Exploit vun der Triathleetin Jeanne Lehair bei der zweeter Manche vun der World Triathlon Championship Series zu Yokohama a Japan. D'Lëtzebuergerin huet e Samschdeg de Moie fréi Lëtzebuerger Zäit d'Course iwwer déi Olympesch Distanz (1,5km Schwammen, 40km Vëlofueren an 10km Lafen) gewonnen.
An enger ganz staark besater Course huet sech d'Jeanne Lehair mat enger Avance vu véier Sekonne virun der Brittin Beth Potter, Weltmeeschterin vun 2023 an zweefach Olympia-Bronzemedailegewënnerin, behaapt. De Podium komplettéiert huet d'Lisa Tertsch aus Däitschland mat engem Réckstand vu sechs Sekonnen. Si hat am Februar zu Abu Dhabi déi éischt Manche vun der World Triathlon Championship Series gewonnen. Hei war d'Jeanne Lehair déi 7. ginn.
Et ass déi éischte Kéier, datt d'Jeanne Lehair bei enger Course vun der World Triathlon Championship Series ganz uewen um Podium steet.
Zu Yokohama war och déi aktuell Olympiagewënnerin a Weltmeeschterin Cassandre Beaugrand aus Frankräich um Depart. Si huet d'Course nom Schwammen opginn.