Am Relegatiounsallersmatch sinn den FC Heidenheim aus der 1. Bundesliga géint den SV Elversberg aus der 2. Bundesliga openeegetraff.

Et goung hin an hier an den éischte Minutte vum Match, an och wann Heidenheim relativ séier den Drock erhéicht huet mat engem éischte Versuch op de géigneresche Gol an der 17. Minutt, sou konnt de Lukas Petkov knapp eng Minutt méi spéit den 1:0 fir Elversberg markéieren.

Ëmmer nees huet et Heidenheim an de Strofraum vum Géigner gepackt, krut de Ball awer net an d'Netz. An Elversberg, mam Lëtzebuerger Raphael Duarte als Co-Trainer, huet keng Geleeënheet verpasst a krut tatsächlech nach virun der Hallschent op en 2:0 duerch den Asllani erhéicht. Och an der Nospillzäit konnt Heidenheim net méi vill ëmrappen. Eng Golchance aus spatzem Wénkel war ze zentral placéiert a konnt vum Kristof gehale ginn. Den Treffer aus dem lénken Eck duerch den Traoré (45' +3), no enger laanger flaacher Pass aus dem Mëttelfeld duerch de Krätzig, gouf nodréiglech iwwerpréift a wéinst enger Abseitspositioun vum Pieringer ofgewisen.

No der Paus goung et mat frëschem Elan a Form vum Scienza, Zivzivadze a Wanner fir Heidenheim an déi zweet Hallschent. An de Plang ass opgaangen. No e puer Aktiounen am Strofraum vun Elversberg endlech den 1:2 fir Heidenheim duerch de Siersleben (42'). An Heidenheim ass am Ballbesëtz bliwwen a konnt souguer nach een nosetzen. Et war den Hosnak, deen den Ausgläich bruecht huet, nodeems e Schoss aus dem ënneschte lénken Eck duerch de Scienza vum Kristof ofgewiert gouf.

Um Enn mat nach just enger Minutt Nospillzäit blouf et beim 2:2. Et dierf een also op de Retourmatch de 26. Mee gespaant sinn.