Fir de PSG gouf et eng souverän 3:0-Victoire géint Reims a Stuttgart konnt sech mat 4:2 géint den Drëttligist Bielefeld duerchsetzen.

E Samschdeg goufen an Däitschland an a Frankräich d'Coupe-Finalle gespillt. An der Finall vum däitschen DFB-Pokal huet sech Stuttgart mat 4:2 géint Arminia Bielefeld duerchgesat a fir de PSG gouf et de 15. Coupe-Gewënn an der Veräinsgeschicht duerch ee kloren 3:0-Succès géint Stade Reims

DFB-Pokal

Bielefeld - Stuttgart 2:4
0:1 Woltemade (15'), 0:2 Millot (22'), 0:3 Undav (28'), 0:4 Millot (66'), 1:4 Kania (82'), 2:4 Vagnoman (85')

De frëschen Drëttliga-Champion hat um Wee an d'Finall ënnert anerem den Titelverdeedeger aus Leverkusen eliminéiert a war natierlech mat ville Supporter op Berlin gereest. Do hat d'Arminia dann och no 12 Minutten déi éischt grouss Chance op d'Féierung. Aus kuerzer Distanz huet de Sarenren Bazee fräi virum Golkipp awer nëmmen d'Lat getraff. Stuttgart huet sech vun der fréier Drockphas vun de Bielefelder awer net laang beandrocke gelooss an ass dann an der 15. Minutt a Féierung gaangen. Den Nick Woltemade huet virum Gol d'Nerve behalen a mat engem Schoss an den Eck op 1:0 gestallt. Elo war de VFB net ze stoppen a konnt bannent deenen nächsten 13 Minutten duerch de Millot an Undav op 3:0 erhéijen. Mat enger verdéngter Féierung ass et fir Stuttgart an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent huet de Bundesligist da weider dominéiert. Mam zweete Gol vum Dag vum Enzo Millot war dann den Deckel sou gutt wéi drop. Zwar huet et Bielefeld duerch zwee séier Goler an der 82. a 85. Minutt nach eemol spannend gemaach, ma um Enn sollt Stuttgart d'Féierung iwwert d'Zäit bréngen.

Coupe de France

PSG - Reims 3:0
1:0 Barcola (16'), 2:0 Barcola (19'), 3:0 Hakimi (43')

Am Stade de France huet vun Ufank un de Favorit vu Paräis d'Spill u sech gezunn a sech déi éischt Chancen erausgespillt. 16 Minutten huet et sou gedauert, bis de Ball duerch de Bradley Barcola eng éischte Kéier am Gol louch. De Fransous huet kuerz drop mat engem zweete Gol nogeluecht, sou datt et no 19 Minutte schonn 2:0 fir de PSG stoung. Reims, déi nieft der Coupe-Finall jo och nach grad d'Barragematcher géint den Ofstig aus der Ligue 1 spille mussen, haten ni wierklech Zougrëff op de Match kritt. Nach virun der Paus konnt den Achraf Hakimi sou op 3:0 stellen.

Mat enger klenger Virentscheedung ass et also an déi zweet Hallschent gaangen, wou d'Paräisser Ekipp fir d'éischt mol weider op ee véierte Gol gedréckt huet. No an no war d'Loft dann awer eraus a béid Ekippen hu quasi op den Enn vum Match gewaart. Um Enn ass et de 15. Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht vum PSG mat enger souveräner Victoire.