Portugal wënnt d'Finall no 11m-Schéisse géint Spuenien
No 90 Minutte stoung et tëscht béide Formatiounen 2:2-Gläich. Fir Portugal ass et no 2019 de 2. Titel an der Nations League.
E Sonndeg den Owend ass zu München d'Finall an der Nations League gespillt ginn. Portugal gewënnt mat 5:3 no Eelefmeterschéisse géint Spuenien den Titel. Déi drëtte Plaz ass fir Frankräich, déi sech e Sonndeg de Mëtteg mat 3:1 géint Däitschland konnten duerchsetzen.
No enger gudder Véirelstonn huet déi spuenesch Ekipp vum de la Fuente lues awer sécher den Tempo erhéicht. An der 21. Minutt huet Spuenien sech dunn duerch e Gol vum Zubimendi belount. D'Freed war awer net vu laanger Dauer. 5 Minutte méi spéit huet de Nuno Mendes mat engem stramme Schoss aus der Distanz fir den 1:1 gesuergt. Nom Ausgläich waren d'Portugise besser am Match. Alles an allem huet d'Vitesse am Spill awer spierbar ofgeholl - a genau an där Phase huet den Oyarzabal an der 45. Minutt quasi aus dem Näischt d'Féierung fir Spuenie markéiert.
D'Portugisen hunn an der 2. Hallschent versicht d'Spuenier ënner Drock ze setzen. Et huet awer bis zu 61. Minutt gedauert bis e richteg geféierlech ginn ass. No flotter Virlag vum Nuno Mendes huet de Ronaldo am Strofraum gelauert a schéisst den 2:2. De Cristiano Ronaldo huet mat dëser Aktioun säin 138. Gol fir Portugal markéiert. An der Schlussphase huet virun allem Spuenien versicht de Match an deenen 90. Minutten ze entscheeden. E Gol sollt awer op kenger Säit méi falen, sou dass et an d'Verlängerung huet misse goen.
An der Verlängerung ass awer net all ze vill passéiert, sou dass d'Entscheedung ëm den Titel am Eelefmeterschéisse gefall ass. Den entscheedenden Eelefmeter huet de Spuenier Morata als 4. Spiller deen ugetrueden ass verschoss. An der Suite huet de Rúben Neves markéiert a Portugal zum Nations League Titel geschoss.