Frankräich ka sech iwwert déi drëtte Plaz freeën

© AFP
Zu Stuttgart konnt sech Frankräich no Goler vum Mbappé an Olise mat 2:0 géint Däitschland duerchsetzen.
Am Spill em déi drëtte Plaz ass Däitschland e Sonndeg de Mëtteg am Kader vun der Nations League zu Stuttgart op Frankräich getraff.
Dobäi huet d'Ekipp vum Trainer Julian Nagelsmann eng ganz gutt éischt Hallschent gespillt, allerdéngs huet een déi sëlleg gutt Chancen net konnten notzen. An der 37. Minutt koum du Pech dozou, de Wirtz säi Schoss ass just un de Potto gaangen. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet Frankräich a Persoun vum Mbappé fir déi zu dësem Zäitpunkt bëssen iwwerraschend Féierung getraff.
Nom Säitewiessel war d'Ekipp vum Didier Deschamps déi dem Match hirem Stempel opgedréckt hunn. Virun allem den Ter Stegen am Gol vun den Däitschen huet méi wéi emol mat gudde Reflexer seng Ekipp am Match gehalen. An der 84. Minutt huet Frankräich dunn awer fir d'Virentscheedung gesuergt. No engem Konter huet den Olise de Ball just nach iwwert d'Linn missen drécken. An der Schlussphase sollt sech um Resultat näischt méi doen. Frankräich klappt Däitschland a ka sech iwwert déi drëtte Plaz an der Nations League freeën.