"Ech si géint haislech Gewalt"

© AFP
De Rekordbuteur vun de Roude Léiwen huet sech virum Frëndschaftsmatch géint Irland op Instagram zu Wuert gemellt.
A sengem sozial Media-Post huet de Gerson Rodrigues ënner anerem vu senger schwéierer Kandheet geschwat. Donieft awer och, datt hie géint Gewalt a fir Gerechtegkeet ass. "Ech si Papp vun zwee Kanner. Ech hunn eng laang Geschicht mat hirer Mamm. Et war zu kengem Moment eng Fro vu Gewalt. Dat sinn net ech. Dat sinn net meng Valeuren", esou de Stiermer weider.
De Gerson Rodrigues ass der Meenung, datt ee bei der Wouerecht soll bleiwen. "Déi, déi mech verurteele vergiessen, datt ech hat dovun ofgehal hunn, dat Schlëmmst ze maachen. Ech hu seng Tréine gedréchent. Et goufen Nuechten, do hunn ech missen astiechen. Nee, ech hunn ni eng Plainte gemaach. Mee hätt ech d'Situatioun ëmgedréint, hätt sech dann d'Siicht vun de Leit geännert?"
Den Nationalspiller huet sech fir seng Aktioun bei senge Supporter entschëllegt: "Ech sinn géint haislech Gewalt." Des Weideren hätt hie seng Bezéiung éischter missen ofbriechen. De Rekordbuteur wëll weiderhi fir d'FLF-Selektioun spillen. Donieft huet de Gerson Rodrigues och dem Nationaltrainer Luc Holtz Merci fir seng Ënnerstëtzung gesot, déi hien touchéiert hätt.