BVB a Fluminense trenne sech 0:0, Remis och fir Inter Mailand géint Monterrey

© Charly Triballeau / AFP
Bei der Club-WM stoungen en Dënschdeg den Owend an an der Nuecht op e Mëttwoch véier weider Partien um Programm.
Am MetLife-Stadium zu New Jersey si Borussia Dortmund a Fluminense vu Rio de Janeiro openeegetraff, fir méi wéi en 0:0 ass et um Enn allerdéngs net duergaangen, woubäi de Remis aus Dortmunder Siicht wuel méi wéi an d'Rei geet. D'Brasilianer mam Ex-Paräisser an Ex-Londoner Thiago Silva als Kapitän waren de Match iwwer en gros méi present, fir den decisive Gol huet schlussendlech awer dat lescht Stéck Chance gefeelt. Um Enn ass et och dem Schwäizer Golkipp Gregor Kobel ze verdanken, datt de BVB op d'mannst ee Punkt aus dëser Partie mathëlt.
Am Grupp F stounge sech dann och nach Ulsan aus Südkorea a Mamelodi Sundowns aus Südafrika géint iwwer. Hei gouf et eng 1:0-Victoire fir d'Ekipp aus Südafrika.
Am Grupp E hu sech CF Monterrey aus Mexiko an Inter Mailand aus Italien mat engem 1:1-Remis getrennt. Monterrey war an der 25. Minutt duerch de Sergio Ramos a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus hat de Lautaro Martinez op 1:1 ausgeglach. Bei deem Score sollt et bis zum Schluss bleiwen.
An der zweeter Partie am Grupp E gouf et eng kloer 3:1-Victoire fir River Plate aus Argentinien géint Urawa Red Diamonds aus Japan.