Hie wiesselt fir e Gesamtpak vu ronn 150 Milliounen Euro aus der Bundesliga an d'Premier League.

Den deiersten Transfert an der Geschicht vun der Bundesliga an der Premier League ass perfekt. De Florian Wirtz wiesselt fir eng Zomm vu ronn 150 Milliounen Euro, woubäi d'Fixkäschte bei ronn 125 Milliounen Euro leie sollen, bei den englesche Champion FC Liverpool.

Nodeems den däitschen Nationalspiller e Freideg de Medezincheck absolvéiert hat, huet den 22 Joer ale Futtballer e laangfristege Kontrakt ënnerschriwwen.

De Wirtz ass elo den deiersten däitsche Futtballer a léisst de Kai Havertz of. Den Offensivspiller war am Summer 2023 fir ronn 75 Milliounen Euro vum FC Chelsea bei den FC Arsenal gewiesselt. Donieft ass de Wirtz och den deiersten Transfert an der Bundesliga-Geschicht. De Rekord louch bis ewell bei engem Gesamtpak vun 135 Milliounen Euro fir de Wiessel vum Fransous Ousmane Dembélé vu Borussia Dortmund bei den FC Barcelona am Summer 2018. An och nach ni huet e Premier-League-Veräin esou vill Sue fir en neie Spiller ausginn. Un der Spëtzt stoung bis ewell den argentinesche Weltmeeschter Enzo Fernandez. Hie war am Januar 2023 fir ronn 121 Milliounen Euro vu Benfica bei Chelsea gewiesselt.