10 Joer drop: Lëtzebuerger Nationalekipp wëll op en Neits de WM-Titel gewannen
2015 hat sech de Grand-Duché zu Turin de WM-Titel beim Kicker spille wannen. D'Spiller vun deemools sinn zum groussen Deel haut nach mat dobäi.
Zil ass et, d'Coupe mat Heem ze bréngen. Nieft Keele spillen an Darts schéissen, gëtt et eng weider Café-Sportaart, an där d'Lëtzebuerger richteg gutt dra sinn. Zënter Jore scho steet eis Kicker-Nationalekipp ganz vir am internationale Ranking.
An dowéinst sinn aacht Lëtzebuerger Spiller zënter e Méindeg och zu Saragossa a Spuenien, fir un der Kicker- Weltmeeschterschaft, déi bis den 29. Juni stattfënnt, deelzehuelen. All zwee Joer gëtt esou eng WM organiséiert, bei där méi wéi 40 Natioune matmaachen.
Lëtzebuerg war zënter 2008 ëmmer mat dobäi, an och ëmmer ee vun de Favoritten. 2015 huet d'Lëtzebuerger Ekipp de WM-Titel mat Heem bruecht. D'Kicker-Federatioun, déi ass ganz kleng. Eng Rei Nationalspiller sinn Deel vum Comité an de Steve Dias ass beispillsweis nieft Nationaltrainer, och ee vun den Nationalspiller. Am Ganze sollen hei am Land nach ronn 100 Leit aktiv Kicker-Matcher spillen.
An engem Café zu Diddeleng huet d'Rosa Clemente d'Nationalekipp bei hirem leschten Training besicht, e puer Deeg virum Depart a Spuenien, an natierlech och nogefrot, wéi héich d'Chancë stinn, fir een neie WM-Titel mat Heem ze bréngen.