Chris Rodesch packt et an den 3. Tour vun der Qualifikatioun

© AFP (Archiv)
D'Lëtzebuerger Nummer 1 konnt sech an zwee Sätz 6:1 a 6:3 géint den Est Mark Lajal behaapten.
De Chris Rodesch huet sech souverän fir den drëtten Tour vun der Qualifikatioun zu Wimbledon qualifizéiert. E Mëttwoch gouf et eng Victoire an 2 Sätz géint de Mark Lajal, deen am ATP-Ranking 4 Plazen hannert dem Lëtzebuerger op Plaz 167 steet.
Am RTL-Interview huet den talentéierte Lëtzebuerger sech ganz zefridde gewisen:
"Ech war wärend dem Match zimmlech nervös, mee positiv. Ech genéissen et hei, et ass Wimbledon, ech spillen op Gras, ech spillen am all white, et ass eng extreem cool Atmosphär hei an ech genéissen et. Ech sinn zwar och nervös, mee ech kann dat gutt a positiv Emotiounen ëmwandelen."
An der nächster Ronn waart en Donneschdeg de Marton Fucsovics. Den Ungar ass op Plaz 103 klasséiert, de Chris Rodesch op 163. De Fucsovics huet och schonn all Grand-Slamen am Haapttableau matgespillt. Mee et mécht dem Lëtzebuerger näischt aus, dass hien am fréie Nomëtteg net als Favorit an de Match geet:
"Ech spille gären als Underdog, ech hu näischt ze verléieren, dat heescht ech muss hien ënner Drock setzen, bëssen aus senger Routine erausbréngen, ech muss aggressiv spille muer, et gëtt Best of 5 gespillt, an am zweete Grand Slam sech direkt fir den Haapttableau ze qualifizéiere wier en Dram. Ech näischt ze verléieren an ech ka fräi opspillen. Ech fille mech physesch a mental prett, an ech hoffen ech kann dat esou weisen."
Am Fall vum Weiderkomme wier de Lëtzebuerger am Haapttableau zu Wimbledon mat dobäi.