Rayan Philippe wiesselt vu Braunschweig bei den HSV

De 24 Joer jonke Fransous huet déi lescht Saison an der zweeter Liga 14 Goler geschoss, a spillt deemno vun elo un an der éischter däitscher Bundesliga.
De Rayan Philippe huet ee Kontrakt bis 2029 beim HSV ënnerschriwwen. Tëscht 2021 an 2023 huet hie fir de Swift Hesper gespillt. A senger leschter Saison fir de Veräin vum Holleschbierg war hien de beschte Buteur vum Championnat, an huet och de Championstitel mam Swift gewonnen.
Duerno huet de Stiermer bei Eintracht Braunschweig an der zweeter däitscher Bundesliga ënnerschriwwen. A sengen zwee Joer bei de Braunschweiger sinn him an 63 Matcher 22 Goler an 11 Virlage gelongen. Enn Mee war de "Löwen" de Maintien am Barragematch géint Saarbrécken gelongen.