Nodeems de Spiller vun der Borussia sech negativ iwwert de Manager geäussert hat, krut hien eng Geldstrof a muss 4 Woche laang mat der U23 trainéieren.

Drastesch Konsequenze fir de Florian Neuhaus. De Spiller vu Borussia Mönchengladbach hat sech am Video vun engem Fan negativ iwwer de Veräin geäussert ("schlechtste Manager vun der Welt"), a krut no enger Evaluatioun vun de Fakten d'Rechnung zerwéiert.

"Das Verhalten und die Aussagen von Florian Neuhaus sind vereinsschädigend und inakzeptabel, er hat mit seinen Worten dem Klub geschadet und handelnde Personen tief enttäuscht, das ist mit den Werten des Vereins nicht vereinbar", heescht et op der offizieller Homepage vun de Fohlen.

De fréieren däitschen Nationalspiller krut eng héich Geldstrof. Donieft wäert hien déi nächst véier Wochen net mat de Profien trainéieren, mee mat der U23. Fir de Veräin wier d'Affär domat vum Dësch. Offiziellen Ufank vum Training ass e Sonndeg um 12.00 Auer.