Sportlech war d'Ekipp eigentlech ofgestigen, ma de Réckzuch vu Péiteng aus der héchster Divisioun gëtt hinnen d'Méiglechkeet, uewe mat dobäi ze bleiwen.

De Volley80 Péiteng huet fir d'nächst Saison seng Ekipp aus der héchster Divisioun am nationale Dammevolleyball zréckgezunn. Dofir kënne sech d'Damme vum Volleyball Iechternach elo freeën. Si spillen dofir dann awer d'nächst Saison nach an der ieweschter Divisioun.

Péiteng war an der Saison 2024/2025 op déi véiert Plaz am nationale Championnat komm. Iechternach war sportlech eigentlech ofgestigen. Fir der Demande vu Péiteng nozekommen an och eng komplett Liga mat 8 Ekippe kënnen ze hunn, huet d’FLVB den Dammen aus der Abteistad offréiert, fir e weidert Joer um héchsten nationalen Niveau matzespillen, déi Iechternach och akzeptéiert huet.