E Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg eiser Zäit sinn déi éischt Véierelsfinalle vun der Club-WM am Futtball gespillt ginn.

Den FC Chelsea huet bei der Club-WM an den USA d'Halleffinallen erreecht. D'Ekipp vum Trainer Enzo Maresca huet sech zu Philadelphia mat 2:1 (1:0) géint de brasilianesche Futtball-Rekordchampion SE Palmeiras aus Sao Paulo duerchgesat. An den Halleffinalle kritt d'Ekipp vun der Insel et en Dënschdeg mat Fluminense FC, engem weidere Veräin aus Brasilien ze dinn. Fluminense hat sech e Freideg den Owend mat 2:1 (1:0) géint de saudi-arabesche Vertrieder Al-Hilal duerchgesat.

Den engleschen Nationalspiller Cole Palmer hat de Favorit Chelsea an der 16. Minutt a Féierung bruecht. No der Paus hat dunn den Estevao an der 53. Minutt fir den Ausgläich gesuergt. Den 18 Joer ale Futtballer wäert no der Club-WM zu Chelsea wiesselen. An der Schlussphas huet dunn e Selbstgol vum Palmeiras-Golkipp Weverton (83') fir d'Decisioun gesuergt.

An der éischter Véierelsfinall vun der Club-WM stounge sech iwwerraschend de brasilianesche Veräin Fluminense an Al-Hilal aus Saudi-Arabien géintiwwer. Wärend de Veräin aus Rio de Janeiro den Champions-League-Finalist Inter Mailand eliminéiert hat, hat Al-Hilal Manchester City no engem verréckte 4:3 no Verlängerung erausgehäit.

Béid Veräiner wollten den nächste Schratt a Richtung Halleffinall goen, gelongen ass dat um Enn Fluminense. De Martinelli hat de Veräin aus Brasilien an der 40. Minutt a Féierung bruecht. An der 51. Minutt war et den Ausgläich duerch de Marcos Leonardo. An der 70. Minutt huet den Hercules mam 2:1 fir d'Decisioun gesuergt. Al-Hilal konnt net méi zeréckkommen an esou ass et bei der Féierung an der Victoire vu Fluminense bliwwen.

RTL

Den Hercules huet den decisive Gol zu Orlando geschoss / © AFP

Um Samschdeg stinn déi zwou nächst Véierelsfinallen um Programm. Um 18 Auer eiser Zäit spillt de PSG géint Bayern München an um 22 Auer ass et den Duell tëscht Real Madrid a Borussia Dortmund.