Am Allersmatch hu sech d'Lëtzebuerger misse mat 0:1 géint d'Ekipp aus dem Kosovo geschloe ginn.

En Dënschdeg den Owend huet Déifferdeng an der éischter Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun auswäerts am Kosovo gespillt.

An der 1. Hallschent stoung Déifferdeng kompakt an huet der Heemekipp de Ball an d'Spill iwwerlooss. Drita hat zwar méi Spillundeeler, richteg geféierlech gouf et virum Gol awer net. D'Lëtzebuerger koume virun allem no Fräistéiss virun de géigneresche Gol. Och hei waren d'Aktiounen net geféierlech genuch an d'Säite goufe mam 0:0 gewiesselt.

An der 2. Hallschent stoung Déifferdeng méi héich a koum méi heefeg no vir. D'Heemekipp hat awer besser Chancen a goung an der 74. Minutt duerch de Manaj a Féierung. Déifferdeng huet an der Suite probéiert e Gol ze markéieren. Zweemol huet de géigneresche Golkipp excellent paréiert, esou datt et um Enn bei der knapper Defaite blouf.

De Retourmatch gëtt de 15. Juli um 20 Auer zu Déifferdeng ugepaff.