An der 1. Halleffinall vun der Club-WM huet sech Chelsea mat 2:0 géint Fluminense aus Brasilien duerchgesat. De Joao Pedro konnt zweemol markéieren.

Chelsea ass gutt an d'Partie gestart an huet d'Heft an d'Hand geholl. De Joao Pedro huet seng Faarwen an der 18. Minutt mat der éischter grousser Chance a Féierung bruecht. Fluminense konnt nom Géigegol awer reagéieren an hat duerch den Hercules eng grouss Geleeënheet op den Ausgläich. Mam 1:0 fir Chelsea sinn d'Säite gewiesselt ginn.

An der 2. Hallschent war Fluminense an enger éischter Phas iwwerleeën, den Everaldo konnt seng Chance awer net notzen. Op der anerer Säit huet de Joao Pedro an der 56. Minutt den 2. Gol markéiert a fir d'Virentscheedung gesuergt. D'Englänner hunn d'Partie duerno geréiert a Fluminense hat net méi genuch Kraaft fir nach emol zréckzekommen.

Chelsea konnt sech mat 2:0 behaapten a steet als éischt Ekipp an der Finall vun der Club-WM. Um Mëttwoch spille PSG a Real Madrid ëm déi zweet Plaz an der Finall.