Victoirë fir Frankräich an England

© AFP
Am 2. Spilldag am Grupp D huet England Holland keng Chance geloos a Frankräich huet no enger spannender 1. Hallschent um Enn mat 4:1 géint Wales gewonnen.
England huet no der Optakt Néierlag géint Frankräich eng staark Reaktioun gewisen an huet um Mëttwoch den Owend mat 4:0 géint Holland gewonnen. Am zweete Match huet sech Frankräich mat 4:1 géint Wales duerchgesat a steet elo mat 6 Punkten no 2 Matcher op der 1. Plaz an der Tabell. Wales huet no 2 Néierlage keng Chance mei sech nach fir 1/4-Finallen ze qualifizéieren.
Den Titelverdeedeger England huet Holland keng Chance geloos a setzt sech däitlech mat 4:0 duerch. Béid Ekippen hunn sech an der Ufanksphase bekuckt an et huet en dee géigesäitege Respekt firenee gespuert. An der 22. Minutt sollten d'Englännerinnen awer duerch e flotte Schoss aus der Distanz vum James a Féierung goen. Am Uschloss sollt eng Reaktioun vun den Hollännerinnen awer ausbleiwen. Dëst konnten d'Lionesses nach virum Säitewiessel ausnotzen, dat duerch e Gol kuerz virun der Paus vum Standway. An deenen zweete 45 Minutte sollt sech um Spillverlaf net vill änneren. D'Hollännerinnen haten offensichtlech net hiren beschten Dag, wat England äiskal ausnotze konnt. Zwee weider Goler vum James (60') an Toone (67') hunn fir d'Schlussresultat vu 4:0 gesuergt.
An der 2. Partie an deem Grupp huet Frankräich sech mat 4:1 géint Wales behaapt. Den Outsider vun der Insel louch no engem Gol vum Clara Mateo no 8 Minutte scho fréi mat 0:1 a Réckstand. Wales, déi fir eng éischte Kéier iwwerhaapt bei enger Fraen Europameeschterschaft mat dobäi sinn, hunn de Kapp awer net an de Sand gestach a hunn a Persoun vum Jess Fishlock an der 14. Minutt den Ausgläich markéiert. Et war den 1. Gol iwwerhaapt fir eng Waliser-Dammen-Nationalekipp bei enger EM. Wales huet virun allem kämpferesch dogéint gehalen. Frankräich hat spilleresch iwwerraschend däitlech Problemer. Kuerz virun der Paus sollten "Les Bleues" dunn e berechtegten Eelefmeter zougesprach kréien - Diani huet zum 2:1 markéiert, wat dann och d'Pauseresultat sollt sinn.
An der zweeter Hallschent hunn d'Fransousinnen net mei vill ubrenne gelooss. D'Majri an der 53. Minutt an Geyoro an der 63. Minutt hu fir d'4:0 Schlussresultat gesuergt.